Gudde Moie léif Schoulcommunautéit,
E Samschden, den 31. Januar, an e Sonnden, den 1. Februar 2026, organiséiere mir an der Ensa (Siège) e BattleBots Turnéier.
Do triede ferngesteiert Roboteren géinteneen un a Matcher vun 2-Minutten, no änleche Reegele wéi bei engem Boxmatch, an zwou Arenaen.
Nieft spannende Roboterkämpf an zwou Gewiichtsklassen (antweight: 150g a beetleweight:1,5kg) bitt de MakerBuzz vu Make it (makerbuzz.lu) flott DIY Aktivitéiten un, mat engem Léieratelier a fir selwer ze probéieren!
Fir de leifleche Wuel suergt de Food Truck AMORE al DENTE.
Dat gëtt vill Spaass fir Grouss a Kleng! Mat engem Léieratelier a fir selwer ze probéieren!
Du wëlls mat untrieden?
D‘Umeldung an d‘Reegele fënns du ënner: robotchaos.makeit.lu
Du brauchs Ënnerstëtzung beim Bau vun dengem Roboter?
Da schreif de François Weiss iwwer Teams oder E-mail oder Email (francois.weiss@education.lu) un.

