Task Force Informatics_One2one + Contact Helpdesk
Virstellung vun der Task Force Informatique (TFI)
D’Task Force Informatique (TFI) ass fir déi ganz informatesch Infrastruktur vun der ENSA zoustänneg. D’TFI wäert déi éischt Kontaktpersoun sinn, wann dir Froen oder Problemer am Zesummenhang mat eiser IT-Infrastruktur hutt.
Hei fannt dir en Tableau, deen erkläert, wien dir uschreiwe sollt jee no Fro oder Problemer déi dir begéint :
E technesche Problem un der IT-Infrastruktur mellen
Beispill:
- Ech hu Verbindungsproblemer mam Drucker/mat engem Schoul-PC
- Ech hunn e Problem mam Wifi
- Ech hunn e Problem mat menge E-Mailen
→ Technicien CGIE (helpdesk@ensa.lu)
Eng Ufro betreffend d'IT-Infrastruktur maachen
Beispill:
- Ech bräicht en neien informateschen Ekipement
- Ech bräicht en neie Programm op engem Schoul-PC
- Ech hunn e genee Verbesserungsbedarf un der IT-Infrastruktur
→ CFLux: Tim Hess (tim.hess@education.lu)
→ CFEtt: Anne Collé (anne.colle@education.lu)
→ CFNid: Yves Maisch (yves.maisch@education.lu)
En allgemenge technesche Problem mellen oder eng Ufro maachen
Beispill:
- Den Drucker huet keen Toner méi
- Ech bräicht d'One2One-Këscht mat den iPad
- Ech well eppes um A1 Plotter erausdrécken (*.pdf als Email schécken)
→ Loge
E Problem oder eng Ufro betreffend eng App um iPad maachen
Beispill:
- Goodnotes freet no enger Lizenz
- Ech bräicht eng nei App fir d'Schüler
→ Helpdesk One2One (helpdesk121@ensa.lu)
E technesche Problem un engem iPad mellen
Beispill:
- De Bildschierm vu mengem iPad ass futti
- De Pen vu mengem iPad funktionéiert net méi
→ One2One: CGIE (helpdesk@cgie.lu)
→ myDevice : Lineheart

